
De 4. Juli hat den 43 Joer ale Kënschtler ugekënnegt, fir d’Amt als US-President wëllen ze kandidéieren. E Sonndeg gouf seng éischt Walkampf-Veranstaltung organiséiert. Medieberichter no goung ënnert anerem rieds iwwert d’Thema Ofdreiwung. Wéi de People-Magasinn schreift, soll hien ënner Tréine gesot hunn: “Och wa sech meng Fra wëll no dëser Ried vu mir scheede loossen, huet si d’North zur Welt bruecht, och wann ech dat net wollt. Si huet dat Kand beschützt.” Kuerz doropper ass den Tounfall méi haart ginn: “Ech hu bal meng Duechter ëmbruecht!”, éier hien du gejaut huet: “Ech hu meng Duechter gär!”
Domat war d’Thema Ofdreiwung nach net vum Dësch. De Kanye West soll och iwwert seng verstuerwe Mamm geschwat hunn: “Mäi Papp wollt mech ofdreiwen. Meng Mamm hat mir d’Liewe gerett. Et géing kee Kanye West ginn, well mäi Papp ze beschäftegt war.”
Nieft dësem emotionale Sujet huet de Rapper och behaapt, dass d’Afroamerikanerin Harriet Tubman Sklaven ni befreit hätt, mä vill méi fir “aner wäiss Leit schaffe gelooss” hätt.
Zu senger eegener Sécherheet huet de Kanye West wärend dem ganzen Optrëtt eng schosssécher West gedroen. Just Persoune mat Aluedung duerften um Evenement deelhuelen. Wärend laanger Zäit huet de Museker als Unhänger vum aktuelle President gegollt. An der Lescht huet hie sech awer ëmmer méi vum Rietspopulisteschen distanzéiert. Experten no kéint de Kanye West dem Donald Trump sengem Rival Joe Biden schueden, sollt hien tatsächlech untrieden a vill schwaarz Wielerstëmme fir sech gewannen.