
Wéi et heescht, wier den Designer e Méindeg den Owend d’Urgence an den Hôpital Américain zu Neuilly bei Paräis ageliwwert ginn. Iwwer d’Ursaache vu sengem Doud ass nach näischt gewosst.
Den Designer hat scho méi laang gesondheetlech Problemer a war souguer den 22. Januar net op sengem eegenen Haute-Couture-Defilé vun Chanel derbäi. Eppes, wat den provozéierenden Narzisst sech soss ni huele gelooss huet. Do hat et geheescht, hie wier midd. Spekulatiounen iwwer e méigleche Récktrëtt, hat de Lagerfeld an de leschte Joren ëmmer nees ofgestridden.
Virun 10 Méint huet de Karl Lagerfeld nach an engem Interview iwwert säin Doud geschwat an huet mat 10 Joer gerechent. Dozou ass et awer leider net méi komm. E schwéiere Verloscht fir d’Moudewelt, esou hu vill Staren iwwert déi sozial Medien him “Äddi” gesot.
Et soll keng ëffentlech Zeremonie ginn. Dat huet een Dag nom Doud vum däitschen Designer Karl Lagerfeld säi Label der Noriichtenagence DPA erkläert. Domadder kéim een dem Wonsch vum Lagerfeld no, deen ageäschert wollt ginn. Weider Detailer iwwert d’Begriefnis gouf et keng.
E schwéiere Verloscht fir d’Moudewelt, esou hu vill Staren iwwert déi sozial Medien him “Äddi” gesot.
Seng perséinlech Markenzeechen: de gepudderte wäisse Päerdsschwanz, de schwaarze Sonnebrëll an Hiemer mat engem héije Col. Vu sech selwer huet hien eng Kéier gesot: Ech si wéi eng Karikatur vu mir selwer an dat gefält mir.
Och säin Alter wollt de “Moudezar” ni richteg verroden an huet sech just zu ronne Gebuertsdeeg gratuléiere gelooss. De Karl Otto Lagerfeld, deen am September 1933 zu Hamburg op d’Welt komm ass, huet sech an de 50er Joren zu Paräis en Numm gemaach. Seng éischt Schrëtt als Designer, hat hie bei Balmain, Patou a Chloé a ganz villen aner Moude-Firmen. Zanter 1965 war hien ënnert anerem och bei Fendi zu Roum ënner Vertrag.

Säin eegene Label “Lagerfeld” fir Dammen an Hären gëtt et zanter 1974. Donieft war hien zanter 1984 de Kreativdirekter bei Chanel, wouduerch den internationale Milliardebetrib an den 80er Joren e Revival erlieft huet. Do hat hien och e liewenslaange Kontrakt. Elo bleift d’Fro wéi et weidergeet.
Wësst der, Moud brauch keen. Et ginn aner Problemer an der Welt, déi si méi wichteg. Et ass eng Industrie, mä d’Moud muss ëmmer mat der Zäit goen. Anescht ass se verluer, gëtt de Lagerfeld zitéiert.
Vill Mannequinen hunn dem Karl Lagerfeld hir Carrière ze verdanken, esou gëllt hien ënnert anerem och als Entdecker vum fréieren Top-Model Claudia Schiffer, senger zäitweileger Muse. Virum däitsche Model war dat d’Inès de la Fressange, dës Liaisoun ass awer 1989 an d’Bréch gaangen. Zu senge villen anere Muse gehéieren ënner anerem de Brad Kroenig a Bapiste Giabiconi bei de Männer, sou wéi d’Toni Garrn, Freja Beha Erichson, Lara Stone an Daria Werbowy bei de weiblechen Modelen. Ma och d’Sängerinne Beth Ditto a Florence Welch zielen zu senge Musen.
Net nëmmen an der Moudewelt war de Karl Lagerfeld doheem, hie war och bekannt duerch seng sëllechen Aarbechten an de Beräicher Publicitéit, Fotografie a Konscht. Seng lescht Chanel-Kollektioun ënner dem Motto “Luxe, calme et sérénité” war vu villen Experten héich gelueft ginn.