E Brauch, deen aus dem Mëttelalter kënnt, do krut de Wiert e bësse méi bezuelt, fir dass hien e Patt kéinnt op deejéinegen drénken. Zu Lëtzebuerg ass d’Drénkgeld keng Obligatioun, mä wou gi mer iwwerhaapt iwwerall Drénkgeld? Am Restaurant - Jo! Beim Coiffer - Och!
Mä wéi ass et iwwerhaapt soss esou an de Butteker a wéi vill gëtt de Lëtzebuerger am Duerchschnëtt?
Am Restaurant oder am Allgemengen, wann een een drénke geet, léisst een emol gären e puer Euro méi do leien, also et gëtt een Drénkgeld. Fir d’Restauratioun ass dëst normal, ass awer keng Flicht. De Pascal Koehnen vum Konsumenteschutz kennt dëse Volet, et mécht ee sech zu Lëtzebuerg net strofbar, wann ee keen Drénkgeld gëtt.
Et soll een et éischter als Geste gesinn an domadder honoréieren, wann ee gutt zerwéiert gëtt. Et kann een awer och esou engem weisen, wann et engem net esou gutt geschmaacht huet.
Mä wéi vill gëtt de Lëtzebuerger dann am Duerchschnëtt vun Drénkgeld aus? An Amerika muss een tëschent 15 an 20 Prozent vum Total dobäi bezuelen, well d’Serveuren drop ugewise sinn an de Mindestloun esou zesummekréien. Mä op wat a wéi vill dierfe sech d’Serveuren elo zu Lëtzebuerg freeën?
Fir déi Leit, déi mer gefrot hunn, hänkt dat of. Vun engem Euro iwwert dem Service entspriechend bis zu 10 Prozent ass do alles dobäi.
Beim Coiffer ass et schonn bal normal fir eng kleng Opmierksamkeet ze hannerloossen, an dat war nach ëmmer esou. Fir Kleeder, Schong oder aner Shopping-Accessoiren, do ass et manner heefeg, dass een méi bezilt, ewéi et a Wierklechkeet kascht. Dobäi kënnt, wann, een elo mat der Kaart bezilt, ass et net ëmmer esou evident, wat d’Drénkgeld ugeet. Esou gi vill Leit méi, wa se Bor bezuelen, wéi wa se d’Kaart huelen.
Mä wéi gesäit et dann elo zum Beispill an enger Wäschanlag aus? Bei deene voll automatesche bezilt een normalerweis just de gefrote Präis, mä wéi ass et dann elo an deenen Anlagen wou nach op der Hand geschafft gëtt?
Do ginn d’Leit ganz dacks Drénkgeld a gären och emol am Virfeld, fir datt extra gutt op den Auto opgepasst gëtt.
Wien also keen Drénkgeld gëtt, mécht sech net strofbar hei zu Lëtzebuerg. Ass een zefridden mam Service, mécht een et, ass een et net, léisst een et sinn. Bei deem, dee vill reest, ass et och kee Feeler, sech am Viraus z’informéieren, fir sou net negativ opzefalen.