
Ënnert den aktuellen Ëmstänn géif déi brittesch Queen d’Kanouneschëss dëst Joer fir net ubruecht halen, heescht et an enger Erklärung vum Buckingham Palace.
En anere Grond: Déi offiziell Feierlechkeete si souwisou traditionell eréischt am Juni. Do ass d’Wieder besser.
Bei iwwer 125.000 confirméierten Infektiounen duerch de Coronavirus, ass et allerdéngs onwarscheinlech, dass an 2 Méint gréisser Evenementer am Vereenegte Kinnekräich nees méiglech sinn. Uganks Abrëll hat d’Queen an enger Ried op der Tëlee d’Britten opgefuerdert am Kampf géint d’Pandemie duerchzehalen.
Den 19. Mäerz ware si an hiren 98 Joer ale Mann, de Prënz Philip, aus Virsiicht wéinst hirem héijen Alter op Schlass Windsor geplënnert. Do waarde si bis d’Kris nees eriwwer ass.
D’Queen Elizabeth II. war nom Doud vun hirem Papp George VI. 1952, am Alter vun 25 Joer op den Troun komm. Si ass déi Monarchin, déi am längsten am Amt ass. D’Queen Mum gouf iwwregens 101 Joer al.
