
Vun engem normale Liewen a Kanada, dat wat d’Ex-Royals sichen, kann een an engem éischte Volet net schwätzen. Paparazzien hunn d’Meghan geknipst, wéi si mam Archie trëppele war. Spéider huet den Affekot vun der Sussex-Famill eng däitlech Warnung ausgeschwat, d’Privatsphär vun der Koppel ze respektéieren, anerefalls géif et rechtlech Konsequenze ginn.
Kuerzerhand hunn den Harry an d’Meghan decidéiert, d’Sécherheetsmoossnamen an hirem neien Doheem - der Villa “Mille Fleurs” - däitlech an d’Luucht ze schrauwen, mat engem héijen Drot a Kameraen. Ob och Sécherheetspersonal virgesinn ass, ass net gewosst, ma déi kanadesch Associatioun fir d’Steierzueler huet eng Petitioun lancéiert, déi genee dee Sujet betrëfft. An zwar soll mat der Petitioun verhënnert ginn, dass den Harry an d’Meghan Sécherheetspersonal vun der Staatskeess bezuelt kréien.
An engem Interview an der “The Times” huet den Direkter vun der Associatioun erkläert, dass den Herzog an d’Herzogin wëllkomm sinn, awer d’Kanadier hunn d’Gefill, dass si fir hiren eegene Wee och solle selwer opkommen. “Daily Mail” huet wësse gedoen, dass schonn iwwer 80.000 Leit d’Petitioun ënnerschriwwen hunn.
