D’Kimberly Doerfel dreift sech gären op Fashion Showen erëm. Awer net als Cliente, mä fir d’Mark “Zoé Muse” international bekannt ze maachen. Ganz nei ass den “Art Studio 00352", dee Fotografen, Videografen, Stylisten, Make-up-Artisten, Modelen an Influencer eng Plattform bidden soll.
Myriam Assebane war zu Paräis an der Organisatioun vun der Aktioun “The good Project”, wou op ethesch Moud Wäert geluecht gëtt. Gekuckt gëtt, ob d’Artikele vegan, sozial, lokal, organesch an och recycléierbar sinn.
De Jang Kohnen war schonn ëmmer e Geck, ob fréier bei den Déckkäpp, als engagéierten Animateur am Club Med oder als Produzent a Kanada mat der verstoppter Kamera. Hie bréngt d’Leit zum Laachen an dir hutt bestëmmt schonn ee vu senge Sketcher op der Tëlee gesinn.