
De “Wolfgat” vum Kobus Van der Merwe gouf e Méindeg bei enger Gala zum “Restaurant vum Joer” gewielt. Dee klenge Restaurant, dee ronn 150 Kilometer vu Kapstadt ewech läit, huet just Plaz fir 20 Gäscht a setzt radikal just op frësch Produiten aus der Regioun.
Zerwéiert ginn ënner anerem Muschelen, Austeren a Séigras, awer och aner Grieser, déi an den Dünen ëm de Restaurant wuessen. Dem Van der Merwe seng Philosophie ass et, sou wéineg Liewensmëttel wéi méiglech ze schaffen a se “pur, réi an ontraitéiert” ze zerwéieren. E siwegängege Degustatiounsmenü am “Wolfgat”, dee virun 2 Joer seng Dieren opgemaach huet, kascht ëmgerechent 53 Euro.
Déi sechs Mataarbechter sinn haaptsächlech Fraen ouni formell Ausbildung. Mat hinne géif den 28 Joer ale Kach zur Feier e Glas südafrikanesche Cremant drénken.
Als beschten neie Restaurant gouf den “Inua” vum däitsche Kach Thomas Frebel zu Tokio ausgezeechent. De Frebel huet virdrun ënnert anerem am legendären “Noma” vum Star-Kach René Redzepi zu Kopenhagen geschafft.
Am Ganze goufen op de “World Restaurant Awards” Präisser an 18 Kategorie verginn, dorënner fir déi beschte Spezialitéit vum Haus, déi originellst Kichen, déi beschten Atmosphär oder de beschte Restaurant, bei deem een net ze reservéiere brauch. E puer Auszeechnunge sinn och éischter witzeg gemengt, zum Beispill gouf déi franséisch Kiche-Legend Alain Ducasse als Kach vum Joer ouni Tattoo geéiert.
D’Jury besteet aus all kéiers 50 Fraen a 50 Männer, dorënner bekannte Käch, Journalisten a sougenannten Influencer.