Engagéiert DaucherKlengen Oktopus plënnert aus Plastikbecher a Muschel

Sandy Schmit
Et ass scho laang kee Geheimnis méi, dass eis Mierer duerch Plastik verknascht sinn. Och d'Déiere sinn domat involvéiert.

Den Daucher Pall Sigurdsson huet bei engem Dauchgang an Indonesien e klengen Oktopus entdeckt, dee sech net eng Muschel als Doheem erausgesicht huet, mä e Becher aus Plastik. Den Tëntefësch - Amphioctopus marginatus - ass bekannt dofir sech ze schützen, andeems hie sech en Daach iwwert dem Kapp sicht. Dësen Tëntefësch huet sech dogéint fir eng ganz onnatierlech Plaz decidéiert.

Glécklecherweis war de Pall Sigurdsson mat e puer Dauchkollegen an der Géigend. Zesumme hu si sech virgeholl, dem Oktopus ze hëllefen. Stonnelaang hu si versicht hire klenge Kolleg z’iwwerzeege säin Haus ze wiesselen. Sou ee Becher bitt nämlech och net grad dee perfekte Schutz géint d’Friessfeinden am Mier.

Iwwerdeems dem Pall seng Kollegen nei Muschele gesicht hunn, huet de Pall dem wielereschen Oktopus dat potentiellt neit Doheem presentéiert, an der Hoffnung, e géif de Becher ganz séier verloossen. D’Loft ass dobäi ëmmer méi knapp ginn. Ma um Enn gouf et een Happyend fir de Mieresbewunner

Back to Top
CIM LOGO