Baby SaybieKlengste Puppelche vun der Welt gouf aus dem Spidol entlooss

RTL Lëtzebuerg
No 23 amplaz 40 Woche koum d'Saybie op d'Welt a war de liichtste Frühchen op der Welt.
© AFP

De liichste Puppelchen op der Welt gouf dës Woch an den USA aus dem Spidol entlooss. D’Baby Saybie koum am Dezember d’lescht Joer an der 23. Woch, op d’Welt. Mat nëmmen 245 Gramm, war et net emol esou grouss ewéi en Apel.

Wéinst Komplikatioune bei der Schwangerschaft hunn Dokteren d’Kand verfréit per Césarienne op d’Welt missen bréngen. Eng normal Schwangerschaft dauert 40 Wochen.

Back to Top
CIM LOGO