"I Am Not A Virus"Klore Statement um Catwalk op der Fashion Week zu Madrid

RTL Lëtzebuerg
Iwwerall liest an héiert ee vum Coronavirus, ma nach eppes fält op: Vill Leit maachen e Bou ëm Mënschen, déi asiatesch ausgesinn.
© Instagram

Géint dës awer rassistesch ugehauchte Reaktioun op asiatesch Matmënschen huet elo rezent dat männlecht Model, Chenta Tsai, op der “Mercedes Benz Fashion Week” zu Madrid e klore Statement gemaach.

“I Am Not A Virus” hat hie sech grouss op d’Broscht geschriwwen, ass esou iwwer de Catwalk getrëppelt an huet domat e wichtegt Zeeche gesat. Net all Mënsch, deen Asiat ass, huet automatesch de Coronavirus a sech.

Fir seng Aktioun gouf d’Model vill gelueft a krut massiv positiv Reaktiounen.

Leider ass den Chenta Tsai net deen eenzege Mënsch, deen ënnert dëser Form vun Alldagsrassismus ze kämpfen huet. Op de soziale Netzwierker ginn d’Stëmme géint dës diskriminéierend Haltung ëmmer méi haart. Ënnert dem Hashtag #ImNotAVirus berichten och aner Leit iwwer hir Erfarung a poste Biller vu sech.

Back to Top
CIM LOGO