AquaclimpKloterpark iwwert dem Waasser

Loïc Juchem
D'Temperaturen dobaussen zéien erëm un an eng kleng Ofkillung kann een eventuell déi nächst Deeg gebrauchen.
Kloterpark iwwert dem Waasser
D’Temperaturen dobaussen zéien erëm un an eng kleng Ofkillung kann een eventuell déi nächst Deeg gebrauchen.

E Kloterpark iwwert dem Waasser bitt do eigentlech alles, wat ee brauch, fir e spannenden Ausfluch mat der Famill. Net wéit vun Tréier ewech, zu Riol, gëtt et elo zanter dem 1. Juni déi sougenannte Spillplaz vun der Zukunft. Virun 9 Joer huet een op dëser Plaz nach alles ausgebaggert, haut ass den Triolago eng beléiften Touristendestinatioun, mat Camping, Mini-Golf, Rodelbahn, Wakepark an elo och engem AquaClimp.

Dëst Wuert kënnt aus dem Engleschen an heescht souvill wéi „En Af um Waasser”. Vun 8 Joer u kann een un dëser Aktivitéit deelhuelen.

D’Konzept ass eigentlech relativ einfach, et soll ee versichen, alleguerten d’Elementer aus dem Parcours ze packen, ouni dobäi an d’Waasser ze falen. 1 Meter 60 fält een erof an da muss een och nees vu fir ufänken.

Back to Top
CIM LOGO