Schock an der Zahnfee-WeltKnapp 4 Zentimeter laange Mënschen-Zant gezunn

RTL Lëtzebuerg
De Rhäin, de Karneval, de Wäin, d'Mainzelmännercher ... an elo: dee längste mënschlechen Zant.
© Dr. Max Lukas

Déi däitsch Stad Mainz ass ëm eng skurril Attraktioun méi räich ginn. Schonn zejoert krut an der Rhäin-Stad ee Patient bei enger normaler Kontroll de Risen-Zant gezunn. Deemools waren Dokter a Patient baff: 37,2 Milimeter!

An de leschte Méint huet de Medeziner all Hiewelen a Beweegung gesat, fir den Zant vum Guiness Buch offiziell als Rekord unerkannt ze kréien.

No villem Hin an Hier, Réckfroen a Prüfunge koum dann elo um Dënschdeg d’Bestätegung, datt den Zant dee längste mënschlechen op der Welt ass.

Back to Top
CIM LOGO