Komesch BëlsKolumbianer wollt Kokain ënnert dem Toupet schmuggelen

RTL Lëtzebuerg
Ee Passagéier zu Barcelona huet sech eng kreativ Iddi afale gelooss, fir Kokain a Latäinamerika ze schmuggelen.
© AFP

De Mann hat een zimlech komeschen Toupet un a war ongewéinlech gestresst, dëst huet d’Douaniere vum Fluchhafen a Barcelona mësstrauesch gemaach. D’Katalanesch Police huet den Dënschdeg matgedeelt, datt si ee kolumbianesche Passagéier festgeholl hunn. De Passagéier hat ënnert senge kënstlechen Hoer 503 Gramm Kokain verstoppt.

De Päckelchen, deen op sengem Kapp festgepecht war, hat ee Wäert vun 30.000 Euro um Schwaarzmaart.

Back to Top
CIM LOGO