Ugestouss a blesséiertKonvoi vum Prënz William a Kate kritt 83 Joer al Fra ze paken

RTL Lëtzebuerg
E Polizist um Motorrad aus der Eskort vum Prënz William a senger Fra Kate huet eng 83 Joer al Fra ugestouss an uerg verwonnt.
© AFP Archivbild

Geschitt ass den Accident e Méindeg, wéi de Konvoi mat de Royals an Direktioun Schlass Windsor ënnerwee war. D’Fra koum an d’Spidol a gouf bis e Mëttwoch nach wéinst hire schroe Verletzunge behandelt. Hiren Zoustand wier awer stabil. Medieberichter no huet si d’Hëft gebrach, nodeems si vum Motor erfaasst an op de Buedem gerappt gouf.

De Kensington Palace huet sech besuergt iwwer de Virfall gewisen an d’Fra kontaktéiert. De Prënz William an d’Herzogin Catherine hunn hir Blumme geschéckt. De responsabele Polizist wier um Buedem zerstéiert, allerdéngs wier hien och op der falscher Stroossesäit ënnerwee gewiescht. Bei der Police gëtt den Accident intern ënnersicht.

Back to Top
CIM LOGO