
Wéi d’Beamten op der Onglécksplaz ukomm sinn, haten d’Chaufferen, e Mann vu 70 Joer an am anere Auto eng Fra vun 53 Joer, béid Ween schonn op d’Säit gestallt. D’Beamte kruten ausgesot, dass béid Luuchten op der Kräizung aus nach ongekläerte Grënn net gaange sinn. Deemno gëlle do déi normal Virfaart-Reegelen, déi hat de 70 Joer ale Mann awer net respektéiert.
An elo gëtt et prekär...
De Mann war net eleng am Auto. D’Koppel konnt och net eendeiteg aussoen, wien dann elo hannert dem Steier souz. D’Police huet nach emol méi däitlech nogefrot, mam Resultat, dass si zouginn hunn, dass si wärend dem Fuere “Spaass” mateneen haten. Déi 34 Joer al Partnerin vum Mann souz zum Zäitpunkt vum Accident op sengem Schouss. D’Steieren, d’Schalten an op d’Pedallen trëppelen haten déi 2 sech gedeelt.
Domat net genuch...
Allebéid haten och nach kee Führerschäin.