Wat ee Start an d'neit JoerKoppel iwwerrascht Serveuse mat Drénkgeld vun 2.020 Dollar

RTL Lëtzebuerg
Et ass ni eng schlecht Iddi, fir generéis ze sinn an de Matmënschen eppes ze schenken, dat huet sech och eng Koppel zu Alpena a Michigan geduecht.
© twitter/AP

D’Danielle Franzoni konnt et net gleewen. D’Serveuse krut nämlech vun enger Koppel, déi eng Rechnung vun 23 Dollar hat, een Drénkgeld vun 2.020 Dollar. Op d’Rechnung huet déi anonym Koppel nach drop geschriwwen “Happy New Year”.

Dat Ganzt als Deel vun der “2020 Tip Challenge”. Bei dëser Challenge muss een awer net esou vill Drénkgeld gi wéi an dësem Fall.

D’Danielle Franzoni war natierlech iwwerglécklech a wollt bei hirem nächste Restaurant-Besuch och hire Serveur glécklech maachen an huet dofir 20,20 Dollar Drénkgeld ginn.

Back to Top
CIM LOGO