
2008 war d’Christina Applegate u Broschtkriibs erkrankt, huet sech béid Brëscht ofhuele gelooss a konnt de Kriibs zum Gléck erfollegräich iwwerwannen. Elo dann déi nächst Hiobsbotschaft: Multiple Skleros. Dat huet déi 49 Joer al Actrice elo der Ëffentlechkeet via Twitter matgedeelt.
Virun e puer Méint scho gouf d’Autoimmunkrankheet MS festgestallt , ma si wier vill vu Leit an hirem Entourage ënnerstëtzt ginn, déi déi selwecht Diagnos kruten. Et wier net evident, ma et géing weidergoen.