Hëtzen am WanterKuelemonoxidvergëftung vermeiden

Nicky Soisson
Elo am Wanter wou nees méi doheem gehëtzt gëtt, ass d'Gefor vun enger Kuelemonoxidvergëftung besonnesch grouss.
© www.pixabay.com

Kuelemonoxid ass e Gas, dat ee weder gesäit, nach richt an dat sech uewendrop och nach ganz séier ausbreet. Et entsteet do, wou d’Verbrennung vu Brennstoffer net vollkommen ass. Fir dass et guer net zu ze vill Kuelemonoxid kënnt, heescht et no senger Heizung a senger Schminni ze kucken, weess de Stefan Dawen vun der Chambre des Métiers:

“Ganz wichtig ist eine regelmässige Wartung der Heizungsanlagen und der Kaminöfen-Anlagen, gerade im Bezug auf die Festbrennstoff-Feuerung ist eine jährliche Wartung der Öfen beziehungsweise eine jährliche Kamin-Reinigung sehr, sehr wichtig und absolut empfehlenswert.”

Sollt et zu enger Kuelemonoxidvergëftung kommen, da weise sech verschidde Symptomer, Laurent Massard vum CGDIS: :

“Wichteg ze soen ass, dass den CO einfach de Sauerstofftransport am Blutt blockéiert. Éischt Symptomer dobäi si Kappwéi, Sehstéierungen a Schwindel. A mat steigendem CO-Gehalt am Blutt gëtt een dann méi a méi duercherneen. Dat kann zu Bewosstlosegkeet, Häerzrhythmusstéierungen a schlussendlech och zum Doud am schlechte Fall féieren.”

Also eng ganz geféierlech Saach. Wien op Nummer sécher goe wëll, soll CO-Melder doheem installéieren. Déi mellen, wann d’Konzentratioun ze héich ass:

“Sënnvoll ass et natierlech déi unzebréngen do, wou och eng Gefor ass, dass CO entstoe kann. Dat ass eeben oft bei den Heizunge respektiv bei Iewen oder Kamäiner, déi vläicht net richteg zéien. Wat natierlech och sënnvoll ass, ass se an der Géigend vun de Schlofzëmmer unzebréngen, grad nuets wann ee schléift, dass een och do gewarnt gëtt. Wou se genee mussen installéiert ginn a wéi enger Héicht, op wéi enger Plaz, dat gëtt d’Beschreiwung vum Apparat un.”

A wann deen Apparat mol ufänke soll Alarm ze schloen, dann heescht et natierlech d’Wunneng direkt ze verloossen an d’Pompjeeën ze ruffen.

Back to Top
CIM LOGO