Wat motivéiert si dëse Beruff ze maachen? Wat kënne si eis a punkto Ernärung a Kachen mat op de Wee ginn?
Am Gusto, dem neie kulinaresche Sonndesmagazin gitt Dir et gewuer.
Mir léieren eng Geméisgäertnerin kennen, sti mat Stärekäch an der Kichen a kréien en Abléck an d'Ausbildung an der Restauratioun. Mir froen och no, wéi gutt sech d'Leit mat Geméis auskennen a kréien eng Rezeptiddi vum Anne Faber. Dës Kéier säi Rezept fir e Carrot Cake, passend fir Ouschteren.