
Hir “männlech Coiffüre*” wier en absoluten “NO GO*". Esou géif d’Lëtzebuerger Logementsministesch just “Ierch, är Famill an eist d’Land an der ganzer Welt*” blaméieren.
Dat huet eng anonymme Lëtzebuergerin der Sam Tanson an engem Bréif geschriwwen, deen d’Politikerin mat dem Saz “An der Série anonym Courriers’en déi een sou als (weiblech) Politikerin kritt” op Twitter a Facebook publizéiert.
Ma d’Fra, déi eppes auszesetzen hat, geet nach méi an den Detail. Déi “greislecht grô” Faarf misst onbedéngt verschwannen an d’Ministesch bräicht och en neien Outfit an eng aner Coiffure. Esou kéint se dann och mat der Stater Buergermeeschtesch “Lydia*” Polfer an der Ministesch “Tania*” Bofferding an ee “Spigel kucken”.
Déi anonym Bréifexpeditrice wollt awer nach präziséieren, datt si et just gutt géif mengen.
Op Facebook reagéiert d’Ministesch a präziséiert: “Sorry fir d’Blameieren Lëtzebuerg, mais meng Coiffure déi bleift. (a meng « Gruseloutfitten » och) Kuckt mech einfach net, lauschtert just no wat ech soen a suivéiert wat ech maen, ech ginn naemlech leiwer dorop bewärt. Soss wier ech an de Moudbusiness gang.*"
Der Sam Tanson muss een hei bal just nach de Respekt ausdrécken, datt si den Humor an och d’Gréisst huet, fir dëse Bréif an de soziale Medien ze publizéieren a mat engem witzege Commentaire ze vermierken. An och e klenge Merci ass ubruecht, fir datt mer och emol hannert déi dote speziell Facette gesinn, déi e politescht Mandat mat sech bréngt.
*Mir hunn déi genau Schreifweis vun der anonymmer Fra probéiert, bäizehalen.