Traureg NouvelleLaangjäregen RTL-Fotograf Paul Theisen gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Déi traureg Nouvelle huet eis dëser Deeg réischt erreecht: Eise Fotograf Paul Theisen ass schonn de 27. Abrëll gestuerwen.
© Paul Theisen

De Paul war ëmmer nees fir eis a fir FTS op de Fester, Evenementer an am Nuetsliewen an der Stad, ma och op gréisseren Evenementer soss am Land ënnerwee an huet op deene Plaze vill flott Momenter mat senger Kamera festgehalen.

Op dësem Wee wëlle mir och senger Famill a senge Frënn eist Bäileed ausschwätzen.

Eng kleng Auswiel vun de Fotoe vum Paul Theisen

Back to Top
CIM LOGO