Masken, Virus a Co.Lackeleg Iddië vu Bäckereien zum Coronavirus

RTL Lëtzebuerg
Vill Bäckereien hu sech dëser Deeg ugepasst a lackele mat witzege Corona-Kuchen a Form vun Toilettëpabeier, Kichelcher mat Masken oder Virus-Knippercher.

Ee Rouleau Toilettëpabeier fir 6,45 Euro, vläicht géif munch Hamster dee Präis och nach bezuelen. E Bäcker aus Dortmund verkeeft awer keen normale Rouleau, mä eng séiss Imitatioun.

Oder wéi wier et mat Kichelcher an Zockerglasur-Mondschutz?

Viren an Antikierper ginn et an enger Bäckerei zu Erfurt. Ma nieft deene markante Knippercher hunn och si sech op Toilettëpabeier-Kuch spezialiséiert.

E palestinensesche Patissier wëll op de Risiko vun der Krankheet am Gazasträif opmierksam maachen, aktuell ginn et do 12 confirméiert Krankheetsfäll. Experte fäerten, datt an der Regioun, wou 5.400 Leit pro Quadratkilometer liewen, e groussen Ausbroch vum Virus fatal Suitte kéint hunn.

Der Fantasie si keng Grenze gesat. D’Bäckereie betounen awer, dass si op kee Fall iwwer de Coronavirus an d’Suitten dovun de Geck wëlle maachen. Si probéieren der Kris mat Humor ze begéinen. Dobäi muss ee jo bedenken, dass och si, wéi vill aner Betriber, wéinst manner Clienten a manner Venten immens betraff sinn.

Och zu Lëtzebuerg gëtt gebak.
Och zu Lëtzebuerg gëtt gebak.
© Rachel Joseph

Back to Top
CIM LOGO