"Net dat vum Wendler"Laura Müller ass net gläich Laura Müller

RTL Lëtzebuerg
Déi däitsch Liichtathletin Laura Müller huet an de leschte Wochen net schlecht gestaunt, wéi si "hir Fanpost" gekuckt huet.
© AFP

D’Sprinterin ass nämlech a leschter Zäit dacks mat der Frëndin vum Schlagersänger Michael Wendler verwiesselt ginn an dat just, well si allebéid Laura Müller heeschen. Een Numm, deen et wuel nach e puermol méi dacks gëtt.

Op Instagram, wou déi jonk Sportlerin och vill Messagë krut, déi sécherlech net u si adresséiert waren, huet si elo kloergestallt, dass si “NET d’Laura Müller vum Wendler” ass.

D’Liichtathletin ass aktuell an der Preparatioun fir d’Olympesch Spiller zu Tokio an hofft op eng Qualifikatioun iwwer 400 Meter a mat der Staffel iwwer 4 Mol 400 Meter.

Ënner de Messagen, déi d’Sportlerin op Instagram krut, waren och vill “Haass-Kommentaren” dobäi. Hei appelléiert d’Sportlerin Laura Müller, déi zwee dach einfach a Rou ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO