"House of Horrors" zu EschGrujeleg Momenter an der Schwämm

Vidosava Kuzmic
Et ass zwar nach net Halloween, ma an der Escher Schwämm gouf sech schonn e Samschdeg den Owend gegrujelt. Déi véiert Editioun vum “House of Horrors” huet 235 Visiteuren ugezunn.
"House of Horrors" zu Esch
Et ass zwar nach net Halloween, ma an der Escher Schwämm gouf sech schonn e Samschdeg den Owend gegrujelt.

"D’Leit dobausse solle soen ‘déi hunn se jo net méi all’ – a wann se dat soen, dann hu mir eppes richteg gemaach", dat ass den Usproch vum Kevin Rotolo vun "Deluxe Concept&Design". Den Organisateur, deen eegenen Aussoen no selwer keng Horrorfilmer verdréit, versicht all Joer op en Neits d’Visiteuren ze iwwerraschen. Dëst Joer stoung den Event ënnert dem Motto "Metzlerei". Déi passend Dekoratioun, Spezial-Effekter an eng Dose verkleet Benevollen hu fir déi richteg Stëmmung gesuergt.

De Laurent Betti ass schonn zanter der éischter Editioun als Statist dobäi. Seng Roll dës Kéier: e béise Clown. Wéi hien sech beweegt, wéi eng Geräischer hie mécht – dat alles passt hien u seng Verkleedung un. Eng gutt Portioun Ausdauer bräicht een och. Ëmmerhin leeft ee wärend Stonne vill ronderëm.

"Wat mécht Spaass drun Leit ze erféieren? Dass se Angscht hunn a fortlafen natierlech", esou de Laurent Betti, "et ass den Effekt, wou een huet, wann een op d'Leit duer rennt a si wëssen net méi wouhinner. Et ass schonn e bësse witzeg - fir eis op alle Fall."

Wiem de Standard-Programm vum "House of Horrors" net duergeet, konnt am Virfeld ee sougenannten "Extreme Pass" kafen. Eng relativ nei Experienz, déi méi extrem soll sinn, a sech just un déi couragéiste Leit riicht. D’Biller erënneren dobäi e bëssen un d’Dschungelcamp. D’Participante mussen ënnert anerem a Këschte mat eeklegem Contenu gräifen an ënner Zäitdrock eng Aufgab léisen.

Souwuel den Extreme Pass, wéi och den Haapt-Event an der Schwämm waren ausverkaaft. D’Projektioun vun engem Horrorfilm, Party-Stëmmung a grujeleg Statisten hunn 235 Leit op Esch gezunn. "Et ass den Adrenalin, dass de dann net weess, wat geschitt, an dat ass dann och de Reiz dobäi", erkläert ee vun de Visiteuren. Anerer, déi mir gefrot hunn, fannen et net grad esou grujeleg, ma fannen d’Stëmmung an d’Musek gutt.

Eppes ass sécher: wien hei hinner kënnt, muss Horror gär hunn. De Kevin Rotolo resuméiert et esou: "Déi eng ginn an den Disney, an déi eng komme bei mech an d'Schwämm."

Back to Top
CIM LOGO