Lutte géint CoronavirusLeonardo DiCaprio a Robert De Niro verlouse Filmroll fir de gudden Zweck

RTL Lëtzebuerg
Rouden Teppech, grouss Partien an eng Pai, déi sech weise léisst: wien huet nach net vun enger Hollywood-Karriär gedreemt?

De Robert De Niro a Leonardo DiCaprio maachen et méiglech: och wann den Ament vill Dréiaarbechten op Äis leien, gëtt schonn un zukünfteg Produktioune geduecht. A bei enger vun deene kann elo en normale Bierger ouni Schauspillerfarung mat dobäi sinn. Dat eenzegt, wat een als potentielle Statist maache muss, ass ze spenden.

An engem Video hunn den DiCaprio an De Niro annoncéiert, Geld ze sammelen, fir de Coronavirus ze bekämpfen. Am Kader vun der #allinchallenge kann ee scho fir en Don an Héicht vun 10 Dollar d’Méiglechkeet kréien, mat béiden Hollywood-Ikonen zu Mëtteg z’iessen an iwwert eng Filmkarriär ze schwätzen. Rieds geet iwwert de Film **Killers of the Flower Moon”. D’Roll gëtt ënnert all den Donateure verloust.

Back to Top
CIM LOGO