Time to say goodbyeLeschte royalen Optrëtt vum Harry a Meghan

RTL Lëtzebuerg
Dass et net einfach ass, sengem Heemechtsland an der brittescher Kroun de Réck ze kéieren, huet de Prënz Harry wärend sengem Abschid gewisen.
© afp

An de soziale Medien gëtt vill doriwwer diskutéiert, dass et him reegelrecht am Gesiicht geschriwwe stoung, wéi schwéier him säi leschten Optrëtt als richtege Prënz gefall ass. Nodeems si e Samschdeg den Owend d’Visitt an der Londoner Royal Albert Hall gemeinsam hannert sech bruecht haten, hu si e Sonndeg d’Queen getraff. Eng Begéinung, op déi vill Royal-Fans gespaant gewaart hunn. Besonnesch war dëse Moment virun allem, well et déi éischte Kéier war, dass sech Meghan a Kinnigin nom Megxit perséinlech getraff hunn.

Fir ze weisen, dass d’Koppel nach ëmmer en Deel vun der Famill ass, soll d’Queen alle béid fir d’Mass zu Windsor agelueden hunn. E léiwe Geste vun hir, soll en Insider verroden hunn.

1...2...3...Cheese!

Net ze iwwersinn war d’Laachen am Meghan sengem Gesiicht, den Harry huet sech deels mat eeschter Minn gewisen. En Abschid mat batterem Nogeschmaach? En neit Liewe fänkt domat fir déi jonk Koppel un. Vum 31. Mäerz u suergt Kanada net méi fir d’Sécherheet vun hirer klenger Famill, den Titel “Sussex Royal” wier domat och Geschicht. Distanz hëlt der Queen hiren Enkel dowéinst och vun der Uried “Prënz Harry”. An Zukunft wëll hie just nach mat “Harry” ugeschwat ginn.

Wéi d’Zukunft vu béiden ausgesäit, ass net gewosst. Et gi vill Rumeuren, wéi si Sue verdénge wëllen, awer kee weess, wat stëmmt, sou de Royal-Expert Robert Jobson. Ass et also méiglech, dass d’Meghan nees a Filmer a Serien optriede wäert? Oder konzentréiere si sech op hir eege Stëftung? Dat wäert sech nach weisen. Falls et hinnen net gelénge wäert, e selbststännegt finanziellt Liewen opzebauen, kéinte si nees a Groussbritannien zeréckkommen, huet hinnen de Buckingham Palace verséchert. Elo ass et awer Zäit, fir Äddi ze soen.

Back to Top
CIM LOGO