Et fillt sech un, wéi eng Rees an d’Zukunft. Op der Elektro-Foire – CES (Consumer Electronic Show) zu Las Vegas, kritt een déi neisten Trends an exzeptionell Innovatiounen aus dem Beräich “Entertainment-Elektronik” presentéiert. Virun allem Dronen-, Roboter- an Autostechnologië ginn hei grouss geschriwwen. Och Lëtzebuerg war vertrueden, dat direkt mat 16 Firmen.
Ënnert hinnen ass d’Plattform “SKEELED”, e lëtzebuergesche Projet. D’Onlineplattform soll Kandidaten hëllefen, sech méi professionell op eng Aarbechtsplaz mellen ze kënnen. Ma och Firme kënnen dovu profitéieren, fir déi richteg Kandidate méi séier a méi einfach ze rekrutéieren.

Mat der Hëllef vum Office du Ducroire an der Chambre de Commerce huet LuxFactory dofir gesuergt, dass dës 16 Start-ups mat op Las Vegas konnte goen.
Mat sengen iwwer 4000 Aussteller, ass d’Consumer Electronic Show eng vun de gréissten Elektronik-Foiren op der ganzer Welt. Ma net all Projet deen hei virgestallt gëtt, ass och schonn um Marché. Esou wéi ee vun den Higlights vun der Foire: den “Elevate” vun Hyundai. E Gefier dat net nëmme fuere kann, ma och iwwer Bierger oder aner Hindernisser klamme kéint.
D’Maschinn wier soumat perfekt gëeegent, fir als Rettungstransporter agesat ze ginn. Ob en awer jeemools wäert ëmgesat ginn, ass nach ongewëss.