Ënner NoperenLëtzebuerg Éieregaascht um Nanzeger Chrëschtmaart

Philippe Dondelinger
Den Duc de Lorraine zu Nanzeg op der Plaz Stanislav hat dëst Joer Konkurrenz a stoung ganz am Schied vun engem aneren Grand-Duc, deem vu Lëtzebuerg.
Lëtzebuerg Éiereland um Chrëschtmaart zu Nanzeg
Op Invitatioun vum Nanzeger Buergermeeschter, engem fréiere Studiëkolleeg vum Xavier Bettel, war de Lëtzebuerger Premier op Besuch um Nanzeger Chrëschtmaart.

Nanzeg hat decidéiert, fir dëst Joer Lëtzebuerg ze éieren, wat och d’Presenz vum amerikanesche Schrëftsteller a Realisateur Peter Lion erkläert , dee säin Documentaire “American St. Nick” presentéiert huet. Et ass d’Geschicht vun amerikaneschen Zaldoten, déi d’Kleesercherstraditioun 1944 zu Wolz nees aféiere wollten, dëst Joren nodeem d’Nazien et verbueden haten.

Och lëtzebuergesch Artisten ware fir dëst Evenement um Rendez-vous, ëmmerhi ginn dëst Joer e puer Honnertdausend Leit erwaart. Ënnert hinnen och d’Fanfare “Lumaband”, déi mer um Chrëschtmaart begéint hunn.

Eise Premier Xavier Bettel war vum Nanzeger Buergermeeschter Laurent Hénart invitéiert, an dëst net nëmmen well déi 2 an de 90er Joren zesummen zu Nanzeg studéiert hunn, mä och, fir dass dëst Fest deemnächst op d’Lëscht vum immaterielle Kulturierwe kënnt.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO