Kategorie "Model Photos"Lëtzebuerger an der Finall vun Top Model Belgium 2019

RTL Lëtzebuerg
Den 3. Februar ass am Lido zu Paräis d'Finall vun Top Model Belgium. Och dëst Joer ass nees e Lëtzebuerger ënnert de Beschtplacéierten.
© Instragram

Den 20 Joer alen Tom Schomer konnt sech eng Plaz an der Finall vun Top Model Belgium 2019 sécheren, an der Kategorie “Top Boys Model Photos”. Den 3. Februar gëtt et Eescht, da muss de Lëtzebuerger vu Käerjeng sech géint 27 männlech Konkurrenten duerchsetzen.

Och vu Lëtzebuerg aus kann ee per SMS fir den Tom matvoten.

Bei der Editioun 2018 war Lëtzebuerg schonn emol bei Top Model Belgium vertrueden. Do war et déi jonk Lëtzebuergerin Taisa Nunes, déi sech den Titel an der Haaptkategorie sécher e konnt a mëttlerweil och international bekannt ass.

Top Model Belgium: D’Lëtzebuergerin Taisa Nunes dat Schéinst an der BelschDe Casting fir d’Editioun 2020 ass och scho lancéiert. Aschreiwe kënne sech jonk Fraen a Männer am Alter vu 15 bis 26 Joer, an, an enger anerer Alterskategorie och Fraen a Männer tëscht 27 a 40 Joer. Donieft gëtt et nach d’Kategorien Model Photos fir Männer a Fraen.

www.topmodelbelgium.com

Back to Top
CIM LOGO