Op der Bün vun TF1 ofgeliwwertLëtzebuerger begeeschtert Jury vun "The Voice Kids" a Frankräich

RTL Lëtzebuerg
De 13 Joer jonken Aridane Rodrigues Teixeira vun Esch huet e Samschdeg mat engem Adele-Klassiker d'Jury iwwerzeegt. Hie war jo schonn 2025 bei der portugisescher Editioun vun der Show mat dobäi.
Hei eng Foto vum Aridane bei der Emissioun a Portugal zejoert
© RTL

Den 13 Joer jonke Lëtzebuerger Aridane Rodrigues Teixeira huet un den éischte sougenannte "Blind-Auditions" vun der 12. Staffel vun der franséischer Versioun vun "The Voice Kids" op TF1 deelgeholl. D'Sendung gouf e Samschdeg, den 22. August, diffuséiert.

Fir seng Performance huet de jonke Sänger vun Esch d'Lidd "Set Fire to the Rain" vun der Sängerin Adele gewielt. Wärend senger Interpretatioun huet de Jury-Member a franséische Rapper Soprano de Buzzer gedréckt. Den Aridane Rodrigues ass domat eng Ronn weider an am Team vum Soprano fir déi nächst Phase vun der Emissioun. Op der Bün dierft hien eréischt an e puer Woche stoen, well elo nach weider Blind Auditions sinn. Egal wéi ass de Lëtzebuerger awer an der nächster Ronn.

Den Aridane Rodrigues ass keen Onbekannte bei "The Voice Kids"

D'Performance op der franséischer Tëlee war net déi éischt Erfarung bei The Voice Kids vum jonke Sänger. Den Aridane, dee portugisesch Wuerzelen huet, war schonn zejoert Kandidat bei "The Voice Kids" Portugal.

An der 6. Staffel vun der portugisescher Editioun konnt hie sech och an de Blind Auditions duerchsetzen an huet d'Etapp vun de sougenannte "Battles" erreecht.

Den Aridane ass an de Battles vun "The Voice Kids Portugal"
Den Aridane Vaz Teixeira wunnt zu Lëtzebuerg an huet et an der Casting Show a Portugal ëmmer nees gepackt fir weider ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO