D’Grill-Meeschterschaft, am Kader vun den “Iwerherrner Erlebnistage”, gouf vum Grillteam “Side by Side BBQ” aus dem Saarland organiséiert. Mat dobäi och eng Ekipp aus Lëtzebeurg, d’"BBQ Team Frozen Fire Lëtzebuerg”.
De Steve Melsen a Luc Hoffmann sinn zesummen an d’Kompetitioun gaangen, och wa si virdrun nach ni zesumme gegrillt hunn.
3 Gäng hu misse preparéiert an zerwéiert ginn.
Den 1. Gang war e Schwenker, dat heescht Schwéngefleesch, wéi eng Kotlette ouni Schank. Den 2. Gang war ee Free-Style-Plat an den 3. Gang een Dessert.
D’Lëtzebuerger Ekipp huet et fäerdeg bruecht, d’Kategorie “Schwenker vom Schwenker” ze gewannen a gehéieren deemno elo offiziell zu de Beschten an Europa.
De Schwenker war 24 Stonne vun der Metzlerei Kirsch am Béier marinéiert ginn. Zum Schluss ass en bësse Smoky Cherry Sauce vun FeuerWerk BBQ aus dem Saarland drop komm.
Frozen Fire koum an der Gesamtwäertung op Plaz 10 vun 20 Ekippen. an der Kategorie “Free Style” war et déi 17. Plaz, an der Kategorie “Dessert” déi 8.