Eurodis Black Pearl AwardsLëtzebuerger Operesängerin mat ALS ënner Finalisten

RTL Lëtzebuerg
Den 28. Februar ass den internationalen Dag vun de Maladies rares.
Portrait vum Noémie Desquiotz-Sunnen
D’Lëtzebuerger Opernsängerin mat ALS ass ënner de Finalisten fir d’Eurodis Black Pearl Awards.

An deem Kontext sicht Eurodis, déi europäesch Organisatioun fir Maladies rares, all Joer Persounen, déi ganz Besonnesches fir d’Communautéit leeschten an déi duerch hiert Engagement an hiert Schaffen erausstiechen. Ënnert de Finalisten an der Kategorie “Visual & Audio” ass dëst Joer och eng Lëtzebuergerin. D’Noémie Desquiotz-Sunnen ass ausgebilten Operesängerin an obwuel si zanter 2013 ALS huet, eng neurologesch Krankheet, déi no an no d’Muskulatur läämt, gëtt si net op a wëll mat hirer Stëmm anere Leit weiderhin eng Freed maachen.

Bis e Mëttwoch den Owend kann een nach ofstëmmen an dem Noémie eng Stëmm ginn.

Hei klicken, fir de Voting.

Back to Top
CIM LOGO