Irish Poker OpenLëtzebuerger wënnt iwwer 200.000 Euro

RTL Lëtzebuerg
De leschte Weekend huet ee Lëtzebuerger bei en Irish Poker Open méi wéi 200.000 Euro gewonnen.
© Pokernews

De Sihao Zhang huet de leschte Weekend wuel ee vu sengem beschte Poker-Tournoien a senger Karriär gespillt.

Normalerweis ginn d’Irish Poker Open an Irland gespillt, ma wéinst der aktueller sanitärer Kris gouf den Tournoi online gespillt.

Um Enn koum de Lëtzebuerger op déi 3. Plaz a wënnt domat 210.723 Euro. Méi huet de Sihao Zhang bis elo nach ni a senger Karriär gewonnen.

© Pokernews

Back to Top
CIM LOGO