
19 Joer al, de Premières-Diplom zënter 2018 an der Täsch an 2017 Gewënnerin vum “Metropolitan Models Belux” - d’Modell-Karriär vun der jonker Lëtzebuergerin Caroline Reuter ass zu Paräis lancéiert.
Am Januar war si bei der Presentatioun vun der aktueller Chanel-Kollektioun derbäi an ass dobäi och dem Karl Lagerfeld begéint. Och den Ament ass d’Caroline Reuter bei der Paräisser Fashion Week am Asaz.
Fir RTL.lu huet d’Caroline sech Zäit geholl fir e kuerzen Interview.
Du has virun e puer Wochen déi grouss Éier, fir Chanel um Catwalk zu Paräis d’Moud och vum Karl Lagerfeld ze presentéieren, hues du hien nach begéint? Wéi hues de hien erlieft?
Ech hat effektiv nach d’Éier, hien e puer Woche viru sengem Doud kennenzeléieren. Zwee Deeg virun der Show hat ech nach ee Fitting bei Chanel, wou och den Här Lagerfeld war. Virun him hunn ech dunn och dat Kleed presenteiert, wat ech an der Show unhat. All ze vill konnt ech awer leider net mat him schwätzen. Well ech hie virdrun net kannt hunn, kann ech elo net vill méi dozou soen.
Wat war dat fir dech fir e Gefill deemools?
Ech si wierklech immens dankbar fir déi Chance, déi Chanel an den Här Lagerfeld mir ginn hunn. Ech sinn nach ni virdrun op enger Fashion Week gelaf a si hu mir déi Méiglechkeet ginn. Natierlech war ech opgereegt virum Walk, mä et huet awer alles gutt geklappt. Fir mech ass domadder een Dram an Erfëllung gaangen. Datt dat elo déi lescht Kollektioun vum Karl Lagerfeld wär, domadder hat natierlech kee gerechent.
Wat bedeit e Mann wéi de Karl Lagerfeld an der Moudefeld, an där s du jo och elo ënnerwee bass? Wat hannerléisst hien?
Ech sinn nach net laang genuch derbäi, fir op esou eng Fro ze äntweren. Fir mech perséinlech steet Chanel mam Karl Lagerfeld einfach fir een Dram, deen ee kann undinn! De Karl Lagerfeld ass eng Moude-Legend: Hien huet bis zum Schluss u senge Kreatioune fir Chanel, Fendi an seng eege Mark “Karl Lagerfeld” geschafft. Seng Chanel-Show ass een Highlight vun all Fashion Week - jiddereen aus der Moudewelt waart gespaant drop, den Dekor an d’Kleeder ze gesinn.
Wéi ass dann den Ament d’Stëmmung zu Paräis?
Och wann de Karl Lagerfeld den Dag vun der Show net do war, hat kee mat sengem Doud gerechent. D’Leit waren natierlech schockéiert, mä et huet een awer och gemierkt, wéi vill Leit dem Karl Lagerfeld dankbar sinn an hie bewonnert hunn, och duerch all déi Reaktiounen op de soziale Medien.
Du bass elo zu Paräis, wat sinn deng aktuell Projeten? Wéi gesäit den Ament deng Aarbecht aus? Mécht et dir Freed?
Zënter dëser Woch ass d’Paräisser Fashion Week am Gaangen an duerno gesinn ech, wéi sech meng Karriär weider entwéckelt. Am Moment hunn ech genuch Aarbecht, iwwert déi ech nach net vill erziele kann. Ech war dowéinst de leschte Mount just weekends zu Lëtzebuerg, wat awer weider net schlëmm ass, well mer de Beruff vill Freed mécht.