
Am Ganze stinn 2.781 Milliardären op der Lëscht. Ma ënnert hinne befënnt sech och e Lëtzebuergesch-amerikanesche Geschäftsmann. D’Verméige vum Michael Gans a senger Famill gëtt op 1,1 Milliarden $ geschat. Domat packe si et op déi 2.679 Plaz vum Ranking.
Wéi Forbes schreift, ass de Michael Gans e Lëtzebuergesch-amerikanesche Geschäftsmann, deen ënner anerem Geschäftsflächen zu Dublin, London, Lëtzebuerg a Manchester besëtzt. Ausserdeem hält hie 25 % vun der Logistik-Firma “Supreme Group”, déi ënner anerem den Haapt-Fournisseur fir Iessen a Waasser fir d’US-Truppen an Afghanistan war.