
Virum Saisonoptakt vun der Formel 1 den nächste Weekend zu Melbourne huet de bekennenden Ëmweltschützer Hamilton de besonnesch uerg betraffene Bundesstaat New South Wales besicht. Duerno huet hien 500.000 Dollar fir den Déiereschutz an d’Opraumaarbechten no de Brandschied gespent.
“Wann een driwwer liest oder op der Tëlee d’Biller gesäit, ass et schlëmm. Awer wann ee selwer op der Plaz ass a gesäit, wéi zerstéiert d’Land ass, ass et nach méi ergräifend”, sou de 35 Joer ale Formel-1-Weltmeeschter. “Bei iwwer 1,5 Milliarden Déieren, déi am Feier ëmkoumen, ass et mir wichteg, all déi z’ënnerstëtzen, déi sech ëm d’Déiere këmmeren a se retten”.
D’Bëschbränn an Australien hu vu September bis Februar gedauert a vill Schued hannerlooss. Iwwer 30 Mënsche koumen ëm d’Liewen an Dausenden hunn hiert Doheem verluer.