
Et ass fir d’éischte Kéier, dass d’Police aus Tirol mat esou engem Virfall konfrontéiert gouf. Onbekannt Leit hu vu Kéi, déi op der Wiss stoungen, d’Weideklacke geklaut. Elo ass schonn den drëtte Fall gemellt ginn, mä d’Police steet virun engem Rätsel.
Den 1. August dëst Joer ass der Police den éischte Vol vun dräi Klacke gemellt ginn. E Freideg an e Samschdeg sinn erëm 7 Klacke mat Rimm geklaut ginn.
D’Klacken hu virun allem en emotionale Wäert fir d’Baueren. De materielle Wäert vun sou enger Klack gëtt op 500 € geschat.