
De W. Brown huet 95 Milliounen Dollar am Lotto gewonnen. Wéi et schéngt, huet hien awer net wëlles, säi Gewënn mat aneren ze deelen. Dowéinst huet hie sech eppes ganz Besonnesch afale gelooss. Hien ass de Milliounen-Jackpot an engem Outfit vun der Star-Wars-Figur “Darth Vader” siche gaangen.
Op Twitter huet d’Lottogesellschaft Fotoe vum gléckleche Gewënner gepost an dobäi geschriwwen: May the Millions be with you!
“Jamaica Gleaner” no soll de Brown schonn zanter 20 Joer mat deene selwechten Zuele spillen: 8, 9, 10, 19, 27 an 30. Ee Gléckstreffer, deen net just hien, mä och d’Twitter-User duerch säi gelongenen Optrëtt zum Laache bruecht huet.