
An den USA trieden an der leschter Zäit awer ëmmer méi dacks mysteriéis Longekrankheete bei Patienten op, déi hir Origine bei dem Konsum vun E-Zigaretten sollen hunn - ob sech déi Betraffe vollstänneg dovunner erhuelen, ass onkloer.
D’US-Administratioune préiwen elo knapp 100 Fäll vu Longekrankheeten, déi am Verdacht stinn, duerch d’Fëmme vun E-Zigarette erbäigefouert ginn ze sinn. De Problem géing och doranner leien, datt Patienten virun allem Jugendlecher a jonk Erwuessene sinn, vun deenen elo de Gros an de Spideeler muss behandelt ginn.
Dacks sinn d’Symptomer vun de kranke Persounen ähnlech a verlafen nom nämmlechte Schema: D’Patiente kréie bedéngt duerch eng speziell Form vu Longenentzündung extrem schwéier Loft; deels leide si ënner zolitte Ganz-Kierper-Krämp. De schwaarze Péiter kritt an éischter Linn d’Substanz “Aerosole” zougeschriwwen - dës géif d’Longe am stäerkste beschiedegen.
Deemno schéngen E-Zigaretten net esou harmlos ze sinn, wéi hir Verfechter et dacks behaapten. Ma d’Gefor, déi vun hinnen ausgeet, bleift allerdéngs weiderhi schwiereg nozeweisen. All déi ënnerschiddlech Liquiden an Aromae sinn ënnerschiddlech zesummegestallt an et weess een net, wéi dës sech op d’Longen an domat op d’Gesondheet vun de Konsumenten auswierken.