
Déi 2 däitsch Magier Roy Horn a Siegfried Fischbacher waren duerch hir Optrëtter mat Tigeren a Léiwe weltberüümt.
Si haten hir Carrière missten ofbriechen, wéi de Roy Horn 2003 liewensgeféierlech blesséiert gouf.
Den 30. Abrëll war d’Nouvelle komm, dass den Entertainer positiv op de Covid-19 getest gouf.
Elo ass hien also mat 75 Joer un de Suitte vum Coronavirus gestuerwen.
“Heute hat die Welt einen der Großen der Magie verloren, aber ich habe meinen besten Freund verloren”, huet säi Partner Siegfried Fischbacher deklaréiert.
“Schon bei unserer ersten Begegnung wusste ich, dass Roy und ich zusammen die Welt verändern würden. Es hätte keinen Siegfried ohne Roy und keinen Roy ohne Siegfried gegeben.”
Béid Männer hate sech 1957 op engem Croisièresschëff kennegeléiert an haten 1959 hir éischt Tour duerch Europa.
De Ray Horn war 1944 zu Nordenham bei Bremen op d’Welt komm.
