De René Kollwelter krut d’Politik duerch säin Papp an d’Wéi geluecht. Just, dass et hien net bei d’CSV, mä bei d’Sozialisten gezunn huet. Siwe Mol huet e fir d’lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt, war Franséischproff, Deputéierten a souz am Staatsrot. Den 10. Juli feiert de gebuerene Weimeschkiercher seng 70 a säin aktuellt Buch heescht “Voyage au bout des jours”
D’Maryse De Donato huet hiert Liewe laang Musek gemaach. Se sengt, spillt Saxophon a Klarinett. Mat 17 Joer huet se an enger Coverband Pop, Rock, a Chanson zu Lëtzebuerg gesongen. Elo zitt et si op den däitschen Marché a si séngt Schlager. “Unsterblich” heescht hiren éischte Video-Clip, deen dëse Freideg erauskoum, a wou de Produzent Christian Geller (Eloy de Jong, Thomas Anders an David Hasselhoff) hir 12 Lidder op de Leif geschriwwen huet.