
Dofir huet sech eng Struktur am Portugal eppes Spezielles afale gelooss. Zënter 2 Méint hunn d’Awunner vun zwee Altersheemer zu Figueira da Foz wéinst dem Lockdown hir Famill net méi gesinn. D’Directioun huet ee klenge Kran organiséiert. D’Visiteure kënne sech vir op den Aarm vum Kran stellen a kënnen esou bei d’Fënstere vum Gebai gefouert ginn. Dat Ganzt natierlech ouni mussen ze bezuelen, de Kran krut d’Verwaltung gratis geliwwert.

De Leit an der Struktur wier et direkt besser gaangen, sou d’Directrice, et wier schwéier fir si, hir Famill net méi esou dacks ze gesinn. Visitten an den Altersheemer bleiwen am Portugal weiderhi verbueden. An der Belsch koum schonn een op eng änlech Iddi, do huet een Altersheem eng Plattform bestallt, déi normalerweis vu Fënsterbotzer benotzt gëtt.
