Véier Deeg laang begleede mir d’Valérie zu Berlin op der Fashion Week, op Castingen, op Foto-Shootingen bis op de Catwalk.
Mat 15 Joer huet d’Valérie ugefaange mat Modelen a krut éischt kleng Jobs am kommerzielle Beräich. 2011 war dunn de Start vu senger professioneller Karriär. Zanterhier ass hatt ronderëm d’hallef Welt gereest, huet a Moude-Metropole gelieft a geschafft a sech ee Reseau an der Fashion-Welt opgebaut. Elo presentéiert d’Valérie reegelméisseg d’Meteo op RTL Télé Lëtzebuerg an ass haaptberufflech Account Manager an der Regie Publicitaire. Modele mécht et just nach heiansdo, ofhängeg vun der Demande a sengem Agenda.
U säin alleréischte Casting kann d’Valérie sech nach gutt erënneren.
“Dat war viru bal 10 Joer, och zu Berlin. Ech war immens opgereegt. A wéi ech dunn an dee Sall rakomm sinn a gesinn hunn, dass do deels 50 Meedercher deen nämmlechten Job wollten, huet dat mech natierlech net méi sécher gemaach.”
Wann och haut de Konkurrenzdrock net ëmmer einfach ass, sinn esou Rendezvouse mëttlerweil quasi Routine fir d’Valérie. Mat de Joren huet hatt och geléiert, mat Kritik ëmzegoen. Negativ Kommentare wéi, dass een ze grouss, ze kleng, ze déck oder ze dënn ass, hëlt d’Valérie mat sengen 31 Joer net méi perséinlech. “Ech konzentréiere mech léiwer drop natierlech ze bleiwen”.

Zu Berlin hu mir och den däitsche Make-Up-Guru Boris Entrup getraff. Déi meescht wäerten hien nach vun der Tëlee kennen aus senger Zäit bei der Sendung “Germany’s Next Topmodel”. Bei der Fashion Week war hien iwwerdeems jorelaang als “Head of Make-Up” am Asaz an huet eng Ekipp vun 48 Maquilleure geleet. Dëst Joer war hien zwar net méi dobäi, ma dofir huet hie sech awer ëm de perfekten Optrëtt vum Valérie gekëmmert, fir déi offiziell Ouverture vun der Fashion Week. Als Make-Up Artist huet hie vill mat schéine Leit ze dinn, hie wéisst awer och, wéi een Afloss Schmink a Pudder op Mënsche kann hunn.