Bike TrialMam Vëlo iwwer Obstakelen, Maueren a Bänken

Philippe Dondelinger
D'Stad ass meng Spillplaz: Dat ass de Motto vum Alexis, deen d'Sportaart "Trial" praktizéiert.
Bike Trial an der Stad
---automated---

Vill Leit hunn am Confinement dat eent oder anert Hobby nei entdeckt. Déi eng gi spadséieren, déi aner klammen op den Drotiesel an dann ginn et der nach, déi zwar och mam Vëlo fueren, mä op eng ganz speziell Aart a Weis. Si fueren “Trial”.

Wann den Alexis mam Vëlo an der Staat ënnerwee ass, dann ass et fir sech auszetoben. Seng Passioun ass “Trial” um Vëlo - an anere Wierder: Tricken, bei deenen ee vill Gläichgewiicht muss hunn. Den Alexis fiert zanter hie kleng ass an ass begeeschtert vun dëser Sportaart.

All Obstakel, all Bänk oder Mauer, alles ass perfekt fir seng Tricken. D’Erausfuerderung ass natierlech sämtlech Exercicer ze meeschteren an dëst ouni de Fouss op de Buedem ze setzen; ob Spréng, Gläichgewiichtstricken oder Prezisiounsfueren. Wat Verletzungen ugeet, déi hu sech bis ewell a Grenze gehalen. Eng Kéier hat hie bis ewell d’Hand gebrach, mä fir de Rescht ass dat keen Argument, fir domat opzehalen.

De Vëlo Trial huet sech schonn an de fréie 70er etabléiert. De 25. Mee 1974 gouf et dunn och déi éischt Competitioun. Deen nämmlechte Sport existéiert mam Motorrad an och mat anere Gefierer. Den Alexis huet sech awer fir de Mountain Bike entscheet, an esou publizéiert hien och zanter Kuerzem Youtube-Videoen. Den Ament fënnt een der 3, mä dat soll sech an Zukunft awer nach änneren.

Nom Motto “D’Stad ass meng Spillplaz” probéiert den Alexis esouvill Sportler ewéi méiglech fir dës Passioun ze begeeschteren, ma eng gewësse Communautéit gëtt et schonn zu Lëtzebuerg, mat där hie sech reegelméisseg trëfft an dann am Süde vun eisem Land Weeër a Bëscher ausprobéiert.

Den Ament studéiert den Alexis Tourismus an Holland zu Breda a kënnt sporadesch an d’Stad “spillen”, respektiv trainéieren. Säin Dram ass et, fir spéiderhin zu Lëtzebuerg en “Trial-Park” opzemaachen an esou dës Sportaart méi bekannt ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO