De Liichtathlet Yannick Lieners krut 2014 d’Diagnose Leukemie. Hien huet doropshin de “Plooschter Projet” gegrënnt, fir potentiell Stammzellespender ze sichen. De Plooschter Projet ass mëttlerweil richteg grouss ginn. “2018 war e Rekordjoer a Saache Registréierungen”, freet sech de Yannick. Perséinlech huet hien d’lescht Joer awer e Réckschlag missten hinhuelen. Nodeems seng Therapie eigentlech gutt ugeschloe war, koum d’Leukemie erëm zeréck. Dee Réckfall war e grousse Schock fir hien. Elo muss hien erëm wärend dräi Joer Medikamenter huelen, an der Hoffnung, de Bluttkriibs dës Kéier wierklech an de Grëff ze kréien. Trotzdeem geet hien optimistesch an déi nächst Wochen. Mam Postlaf an dem nationale Cross-Championnat stinn zwou wichteg Coursse fir hien um Programm.
De Weekend vum 23. a 24. Mäerz ass erëm de “Relais pour la vie”, mëttlerweil e feste Bestanddeel vum soziale Liewen zu Lëtzebuerg. De Relais ass mëttlerweil esou populär, dass déi disponibel Plazen an nëmmen e puer Minutte fort sinn. Fir d’Lucienne Thommes, Directrice vun der Fondation Cancer, ass et “den emotionaalste Moment” vum Joer. Dëst Joer gëtt um Relais och de 25. Gebuertsdag vun der Fondatioun gefeiert. Dofir dauert de Staffellaf 25 Stonnen an als speziell Attraktioun gëtt et e “Cancer Research Lab”, fir d’Spectateuren iwwert d’Kriibsfuerschung ze informéieren. E weidere Gebuertsdagsevent gëtt den 9. Juni organiséiert an zwar de Concert “Takte gegen Krebs” vum “World Doctors Orchestra” an der Philharmonie.