Enn des Jores ass fir d’Mandy Minella Schluss mam Tennis, awer bis dohinner wëll si nach e puer Tournoie fir sech entscheeden. No den Australian Open ass vum 5 bis 8. Februar de FedCup zu Esch, wou nieft Lëtzebuerg och Serbien, Polen, Schweden, Tierkei a Slowenien géintenee spillen.
No der 3. Solo-CD huet de Roll Rossi fir den 30. Anniversaire vu senger Band Woodstock den Album “Ride with me” erausbruecht. Zesummen mam Jean-Marc Ciccia erzielt en hei an 8 Lidder eng Rees, wou de Protagonist “Héichten” an “Déiften” erlieft.
Den Alexander Ernoult ass a Frankräich duerch de Casting vun “The Voice Kids” bekannt ginn. “Swedish Reggae” heescht déi éischt Single vum jonke Gittarist, Sänger an Trompettist. An en neien Numm huet e sech och ginn, DOOD.