Do hat een eppes falsch verstanenMann an Däitschland gëtt bei Policekontroll Sperma- amplaz Urinprouf of

RTL Lëtzebuerg
D'Policebeamte vu Lüdenscheid (D) haten net schlecht gestaunt, wéi si déi "gefrote" Prouf vum Automobilist erëmkruten.
Eng Spermaprouf an enger Samenbank.
Eng Spermaprouf an enger Samenbank.
© AFP (Archiv)

Eng bal normal Policekontroll. D’Beamten hunn eng Camionnette ugehalen, no kuerzem Gespréich mam Chauffer hate si d’Gefill, datt de Mann ënner Droge stoung.

Si hunn hien du gebieden, fir eng Urinprouf ofzeginn, wouduerch hire Verdacht kéint confirméiert ginn. De Mann ass dunn an d’Hecke verschwonnen. “Er brauchte ungewöhnlich lange und kehrte etwas beschämt zurück” huet e Spriecher vun der Police der däitscher Bildzeitung gezielt.

Dat de Mann déi falsch Prouf ofginn huet, war wuel de Grond, firwat hien esou laang gebraucht huet. Hie koum net mat Urin am Dëppchen, mä mat Sperma zeréck. D’Beamte ware sech dono sécher, datt de Mann muss ënner Drogenafloss stoen. Dofir gouf direkt dono eng Prouf vum Spaut gemaach... Ma déi ass negativ ausgefall an de Mann huet dierfte weiderfueren.

Back to Top
CIM LOGO