Post aus Hogwarts?Mann an Ohio kritt 55.000 Bréiwer geschéckt

RTL Lëtzebuerg
E Virfall, dee staark un den éischten Harry-Potter-Film erënnert: e Mann aus Ohio krut zéngdausende Bréiwer geschéckt... an zwar ëmmer de selwechten!
© RTL-Grafik, Twitter / Harry Potter World

Eile waren hei awer net am Spill a se stamen och net aus Hogwarts, mä vun enger amerikanescher Firma, déi sech ëm Studenteprête këmmert. Wéi et vun CNN heescht, hätten 79 Këschte mat jeeweils 700 identesche Bréiwer op den Dan Cain gewaart.

U sech sollt awer just 1 Bréif verschéckt ginn. En plus stoung nach e Feeler am Schreiwes; den Zënssaz huet net gestëmmt. Well d’Bréiwer alleguerten un hien adresséiert waren, huet de Mann se missen unhuelen. Hien hätt 2 Mol missen hin an hier fueren, fir d’Dokumenter heem ze transportéieren, sou CNN.

Bëlleg ass dëse Faux pas d’Entreprise net ginn. Wann een dovun ausgeet, dass de Versand vun engem Bréif bei 18-20 Cent läit, hätt de Mëssel bis zu 11.000 Dollar (9.960 Euro) kascht.

Eppes ass awer sécher: weder Firma nach de Client wäerten dësen Dag jee vergiessen!

Back to Top
CIM LOGO