
Anescht wéi hire Begleeder, krut si nämlech eng sougenannten “Damme-Kaart”, also eng Menüskaart ouni Präisser drop. Mëttlerweil gehéieren dës zu de verstëbsten Erënnerungen un d'50er a 60er Joren, an deenen et üblech war, dass de Partner fir d’Iessen am Restaurant opkomm ass. “Almoudesch fannen ech dat heite schonn. Nëmmen, well ech mat engem Mann an e Lokal ginn, kann een dach direkt dovunner ausgoen, dass hie bezilt a mech aluet”, sou déi irritéiert Fra.
Op Nofro hin huet den Hotel Bellevue Palace zu Bern erkläert, dass e Mëssel geschitt wier. Si wiere sech duerchaus bewosst, dass Menüskaarte fir Fraen net méi zäitgeméiss sinn an entschëllege sech fir hire Faux pas. Si hätte Kaarten ouni Präisser fir grouss Dëscher hierstelle gelooss.
Et géing awer heiansdo virkommen, virun allem wärend der Chrëschtzäit, dass eeler Männer en “zenséierten” Menü fir hir weiblech Begleedung ufroen, fir e gudden Androck bei hirer Häerzensdamm ze hannerloossen. Léift geet jo bekanntlech duerch de Mo a Gedanken un d’Sue kéinten d’Stëmmung séier zum Kippe bréngen.