Quarantän-StylingMännerfrisuren, déi ee besser net nomaache soll

RTL Lëtzebuerg
De Lockdown huet sech net nëmmen op eist privat a berufflecht Liewen ausgewierkt, ma och eist Ausgesinn huet mat enger Partie Ännerungen ze kämpfen.

Duerch ze mann Beweegung an déi eng oder aner Schneekegkeet ze vill sëtzen d’Boxe bei verschiddene Leit net méi wéi virun der Kris an och d’Hoer um Kapp hate scho besser Zäiten. Bei deenen enge gesäit een den Nowuess, bei deenen anere stinn d’Hoer an all Richtung, just net an déi, wou se sollen.

Kee Problem - huet sech deen een oder anere geduecht a kuerzerhand selwer Coiffer gespillt. E grousse Feeler, wéi sech beim Ubléck vu verschiddene Fotoen an de sozialen Netzwierker erausstellt. Wéi ee sech de Baart mécht oder engem aneren d’Hoer richteg schneit, fannt Dir hei an engem Tutorial.

Haircut fails - eng kleng Auswiel

Back to Top
CIM LOGO